3. Cross Challenge – Baambësch

Cross Challenge Peters Sport Baambësch fir den X3M, Bravo Sarah Mousel fir deng 6. Platz vun 68 Meedercher. Ganz gudd geschafft, (catégorie Scolaire 1940m, Zäit 7min 27)

Den Leo Weishaar an den Finn Schiltz kommen bei den Minimes masc. iwer 2620m op dei 12. resp. 13. Platz ennert 37 Leefer.

Bei den Senioren iwer 6980m as den Claude Lucas dei schnellsten Zait gelaaf mat 25:12min a klasseiert sech op der 9. Platz am General. Eng Platz dohannert leeft den Gavin Hodgson iwert arrivée an 26:05min. Den Yves Koch get den 14. an 26:26min ennert 22 Leefer.

Résutats Cross CSL 2019

Updated: 02/12/2019 — 09:06