1. GULF Duathlon Junglinster

PRESS RELEASE RTL.lu (05/05/2019) : 1. GULF Duathlon Junglinster

Am nationalen Duathlon-Championat stoung um Sonndeg déi éischten Editioun vum Jambo Gulf Duathlon zu Jonglënster um Programm. Insgesamt stoungen 10 Kilometer Lafen, 40 Kilometer mam Vëlo an zum Ofschloss nach eng Kéier 5 Kilometer Lafen um Programm.

Vun Ufank u sollt awer ee Mann dës Course dominéieren. Um Vëlosparcours war et dem Lëtzebuerger Gregor Payet dann och gelongen, sech ofzesetzen, an hie sollt sech dës Avance bis op d’Arrivée och net méi huele loossen. Op de leschte 5 Kilometer war de Payet dann och eleng ënnerwee, ma dëst sollt him awer keng weider Schwieregkeete bereeden a sou konnt hien um Enn d’Victoire mat heem huelen. Op déi zweete Plaz koum de François Reding virum Jérôme Ewen. Déi véierte Plaz, an domat knapp de Podium verpasst, huet sech de Yannick Lieners geséchert.

Am nationale Championnat war et soumat och de Gregor Payet, dee sech d’Victoire séchere konnt, dëst virum Jérôme Ewen an dem Yannick Lieners.

Bei den Damme war d’Victoire fir d’Haitske Bouwmeister Overbeek virum Jackie Mores an dem Runa Eglisdottir. Am Lëtzebuerger Championnat ass et soumat d’Runa Eglisdottir, wat um Enn op der éischter Plaz stoung, dëst virum Anja Dziadek.

RESULTS – Kids_B

RESULTS – Kids_A & Youth_C

RESULTS – Youth_A/B

RESULTS – Juniors &_Promo

RESULTS – 1. Gulf Duathlon Junglinster Scratch Elite & Agegroups

PRESSE – Wort 20190506

Updated: 11/05/2019 — 13:13