ITU Triathlon World Cup Cagliari [ITA]

Beim ITU Triathlon World Cup zu Cagliari an Italien kommen d’Lëtzebuerger Athleten iwwer d’Sprintdistanz op d’Plaze 7 an 8.

Domat ass eng Top 10 Placéierung fir de Payet an Haller iwwer d’Kuerzdistanz erausgesprongen. De Gewënner vum Triathlon zu Cagliari heescht Alistar Browlee – den zweemolegen Triathlon-Weltmeeschter war just eng Sekonn méi séier wéi den Zweeten, de Justus Nieschlag aus Däitschland. Déi aner Plaz um Podium goung un de Kevin McDowell, dem US-Amerikaner säi Réckstand louch bei 12 Sekonnen op den Éischtplacéierten.

D’Lëtzebuerger koumen op d’Plaze 7 an 8, louchen dobäi just eng Sekonn vuneneen. Dës exzellent Leeschtung bréngt dem Payet an Haller zwee wichteg Punkten an der Course ëm d’Qualifikatioun fir Olympia.



















© Viviane Sloniewicz
Updated: 19/05/2019 — 11:15