Jackie Mores & Bob Haller Champions Duathlon 2020

Haller Bob an Jackie Mores gewannen Duathlon Championstitel zu Jonglënster


Während den 10 éischte Kilometer Lafen huet de Bob Haller seng Leefer-Qualitéiten zum Beschte ginn a konnt doduerch mat enger klenger Avance op de 40 Kilometer laange Vëlosparcours goen.
Aus dem 6 Mann staarke Verfolgergrupp bloufen der nach 2 iwwreg, nämlech de Vizemeeschter vum leschte Joer de Jérôme Ewen an de François Reding an déi sinn zesumme bei de Bob Haller bäigefuer.
Mat enger Avance vu 50 Sekonne gewënnt den Bob de Championstitel. Drëtten aus Lëtzebuerger Siicht gëtt den Adrien Rossignon.
Bei den Dammen huet d’Jackie Mores dominéiert. Mat 1:22min Retard gëtt d’
Runa Egilsdottir Vizemeeschterin an Eva Daniëls (beid Trilux) gëtt Drëtt.

Den Gavin Hodgson get den ganz gudden 17ten am General an 4ten an der M40. Den Pit Glodt kent op dei excellent 23ten Plaatz, den Emanuele Criscione get den 63ten an den Carlo Feltes kënt op dei 66ten Plaatz.
Beim Foyer Youth Team Duathlon as den Enzo Marzinotto an der Gewënnerequipe an
Sarah Mousel kënt op dei 3ten Podiumsplaatz mat enger FLTRI-Equipe.
GRATULATIOUN ALLEN PARTICIPANT’EN!!

RESULTS – Duathlon Junglinster 2020_KIDS

RESULTS – Duathlon Junglinster 2020