Oli Gorges raced german Triathlon Bundesliga

Race report from Oli Gorges :

Geschter war die 3. Manche vun der Triathlon Bundesliga zu Tübingen an Deitschland.
Ech sin fir mein Veräin Tripost Tréier un den Start gaang, den Gregor Payet fir Team Saar.
No 750m Schwammen am Neckar sin ech no 10:10min als 7. aus dem Waasser geklomm – nemmen 5 Sekonnen hannert dem 1. den Dorian Coninx aus Frankreich, den spéideren Gewenner, deen am Weltranking an der Top 10 ass. (Am Schwammen ass meng Form richteg gut am Moment!!) Den Gregor ass mat 10:37 aus dem Wasser komm. Ech konnt no engem gudden Wiessel als 3. op den Velo sprangen fir die 5 Tier à 4km an Ugreff ze huelen. Bundesliga Coursen sin emmer geféierlech an et regrouppéiert sech hei och relativ oft, sou dass Wahrscheinlechkeet héich ass, zu 60 Athleten an den Parc fermé ze kommen. Am éischten Velostuer konnt ech mech dann mat 3 aaneren oofsetzen an mir hun probéiert fortzefueren – leider ouni Succès. Am 2. Tuer ass dann en Grupp vun hannen opgeschlass, befir am 3. Tuer dann nach 10 aaner Athleten rakomm sin, Payet inclus 🙂 Sou sin mir als geschlossen Gruppe ze +- 60 erakomm fir den schwéiren 5,2km Parcours ze starten. Wei gesoot, et war mega geféierlech an ech war frou, wou den Velospart eriwwer war, well ech nächst Woch an Russland zu Kasan op der EM starten. (Als eenzegen Letzebuerger)
Den Laaftuer geet 400m erop, dann geet et lenks an Alstaad eran wou een op Pavé rop an roofleeft – op enkstem Raum. En scheinen awer usprochsvollen Parcour.
Ech konnt dann mat 17:32 den 31. gin. Den Gregor ass 22. gin mat 16 Sekonnen virun mir an engem Reckstand vun 1:27min op den Coninx. Et war also eng gut Course fir eis zwee Letzebuerger. Den Gregor ass 3. gin mam Saarland an ech 12. mat Treier. Am General sin ech mat Treier die 14. an mir hun gut Chancen an der 1. Liga ze bleiwen bei eiser Debutsaison.

 

Updated: 22/07/2019 — 10:59