rtl.lu : New Plymouth ITU Triathlon World Cup [NZL]

Beim Weltcup zu New Plymouth ass de Bob Haller iwwert d’Sprintdistanz de 25. ginn an den Oliver Gorges huet sech als 52. klasséiert.

An der Nuecht op e Sonndeg war zu New Plymouth an Neiséiland eng weider Manche vum Triathlon-Weltcup. No 750 Meter Schwammen, 20 Kilometer Vëlofueren a 5 Kilometer Lafen huet sech den Australier Luke Willian d’Victoire geséchert. Hien hat e Virsprong vu 6 Sekonnen op den Däitschen Justus Nieschlag an den Neiséilänner Sam Ward.

Beschte Lëtzebuerger war de Stefan Zachäus als 10. Hien hat e Réckstand vun 32 Sekonnen op de Gewënner Willian. De Bob Haller hat als 25. e Retard vun 1 Minutt a 46 Sekonnen a fir den Oliver Gorges war et um Enn déi 52. Plaz op 4 Minutten a 46 Sekonnen. De Gregor Payet huet nom Vëlofueren opginn.

MEDIA © : rtl.lu

Updated: 31/03/2019 — 09:39