Bob Haller 24. in Abu Dhabi WTS Triathlon Series

Gëschter ass den Bob Haller bei der éischter Course vun der World Triathlon Series zu Abu Dhabi un den Depart gang. World Triathlon Series ass eng Serie vun 9 Coursen wou um Een vun der Saison den Weltmeeschter ermëttelt geet.

55 Athleten sinn bei der Course zu Abu Dhabi gestart, woubäi Starterfeld héich besat war mat e.a. dem Mario Mola an Fernando Alarza (Spuenien), Jonathan an Alistair Brownlee (England).

Den Bob konnt eng super Performance ofleeën an geet 24ten!

Nom schwammen nach ob der 47ter Platz mat 35 Sekonnen Retard op Spëtzt, konnt hein um Vëlosparcours eng Partie un Platzen gutt maachen an ass als 20ten op den Lafparcours gaangen. An 15min27s konnt hein di 5km lafen absolvéieren an geet esou super 24ten bei esou enger héich besater Course.

Hei fannt Dir detailléiert Resultater: https://www.multisportaustralia.com.au/m3/event?c=1&r=6369&e=1

Updated: 06/03/2018 — 08:21